Code Civil
Loading...
X

Et geet duer, Här Meisch!

Communiqué – 5.10.2018

Schoolleaks ouni Enn.

Ech hunn haut mengem Affekot den Optrag ginn, juristesch Schrëtt géingt de Claude Meisch anzeleeden. Am Buch „Staark Kanner“ vum Claude Meisch, dat hien rezent verëffentlecht huet, gëtt hien en angeblecht Zitat vu mir zréck, dat hien awer net beleet. Schonn eleng vun engem wëssenschaftleche Standpunkt hir, dierf ee keen zitéieren ouni ze beleeën, wouhier dat Zitat kennt.

Opgrond vun der Entwécklung vun der Schoolleaks-Affär ass et fir vill Leit kloer, virun allem fir déi Leit, déi mech kennen, dat ech de „Liewenspartner vun enger Enseignante“1 sinn.

Ursächlech gesäit de Claude Meisch mech als Verursaacher vun der Schoolleaks-Affär, wat awer eng ganz kloer Verdréinung vun den Tatsaachen ass. Dem Claude Meisch ass den Dossier an allen Detailer bekannt. Et muss sech also ëm eng absichtlech Falschduerstellung handelen.

Ech hunn an der Affär meng Biergerpflicht gemaach, an dem ech ee Mëssstand, de mir zougedroe gouf, gemellt hunn. Duerch d’Enquête an d’Geriichtsverhandlung am Prozess géint dräi Proffen an een Net-Proff ass erauskomm, dat am Ministère d’Leit ouni Plang blann gehandelt an de Mëssel verursaacht hunn. 

Déi Leit aus dem Ministère hunn ouni Nout, d’Froen zu den Tester fir de Passage vum Primär an de Secondaire un Elteren, Monnien, Tattaen, déi och Frënn an Noperen sinn, verschéckt, ouni dorop hinzeweisen, dat d’Tester dee Moment nach amgaange waren.

Mat koppesche Schutzbehaaptungen hunn de Claude Meisch a seng Leit versicht – an der Press a viru Geriicht – hiert Handelen ze rechtfäerdegen. Déi Schutzbehaaptunge goufen awer duerch Aussoe vun Empfänger vun de Froen widderluecht. Nach bis haut huet de Claude Meisch net zouginn, dat säi Ministère fir de Mëssel verantwortlech war an ass. Dat d’Katastroph imminent war an duerch dat sträflech liichtsënnegt Verhale vun Ministère verursaacht gouf, ass bewisen duerch eng zweet onofhängeg Quell vun engem Leak am Süde vum Land. Des Quell ass am Laf vun der strofrechtlecher Enquête zu der Schoolleaks-Affair un d’Liicht komm.2

Duerch polemesch Aussoen an onwouer Behaaptungen huet de Claude Meisch awer ëmmer versicht d’Verantwortung vu senge Feeler an deenen vu sengem Ministère ze vertuschen. Säin Handelen huet dozou gefouert, dat een Deel vun der Press verleumderesch an onwouer iwwert des Affär an déi Beschëllegt bericht huet, déi sech deen Ament net dogéint konnte wieren.

Hien ass et eigentlech dee „Schüler als Geiselen“3 hëlt fir säin opportunistescht Verhalen als Politiker ze rechtfäerdegen.

Ech behale mer vir, och nach géint aner Persounen an Institutioune virzegoen, sollt dat néideg sinn.

Lucien Schilling, info@paif.eu

[Modifikatioun: de Link 2 ass verbessert ginn.]

1 Meisch, Claude: Staark Kanner. Lëtzebuerg: Editions Phi 2018, S. 196.

2 http://www.justice.public.lu/fr/actualites/2017/02/jugement-affaire-dite-schoolleaks (témoin T2)

3 Meisch, Claude: Staark Kanner. Lëtzebuerg: Editions Phi 2018, Kapitel 33, S. 195-198.

Leave Your Observation

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.