Loading...
X

Schoolleaks: wien huet wien als Geisel geholl? (Deel 1) Pressberichter analyséiert

A sengem Buch „Staark Kanner“, am Kapitel „D’Schüler als Geiselen“ seet de Claude Meisch1:

Als Oppositiounspolitiker hunn ech missen duerch déi ganz Skandaljoeren Dossiere behandele wéi Léiweng/Wickreg (…) D’Skrupellosegkeet mat där vereenzelt Leit d’Wuel vu Kanner a Jugendlecher op d’Spill gesat hunn, fir d’Politik vum Minister oder och de Minister selwer zu Fall ze bréngen hu mech schockéiert. (…)

Dat de Claude Meisch Léiweng/Wickreg, wou hien de Skandal wollt op Tapéit bréngen awer direkt ee Réckzéier gemaach hat, wou de Jeannot Krecké, d’Zilscheif vum Meisch, geklot hat2 an d’Schoolleaks-Affaire an engem Otemzuch nennt, weist wat fir eng Polemik de Claude Meisch hei lass getrëppelt huet.

Net nëmmen dat en d’Kanner Saache frësch schreiwe léist, déi u sech an dëser Affaire net néideg gewiescht wären, en hält nach ëmmer dorunner fest, dat d’politesch Motivatioun de Grond waren heifir an net séin onméiglecht Verhale, mat dem hien de Ministère gefouert huet. Net nëmmen dat Kompetenz mat Jo-Sager ersat gouf, ma Feeler sinn systematesch vertuscht ginn an et war ee frou wann een ee Sëndebock fonnt hat. Et ass schonn interessant, dat hien „säin“ Affekot ugewisen hat, sech mat Hänn a Féiss ze wieren, dat hien a seng Mataarbechter net hu missen aussoen. An engem Fall war guer lächerlecherweis behaapt ginn, hien an all seng Mataarbechter wieren „Partie Civil“ a bräichten deemno net auszesoen. Si sinn domadder net duerch komm, an et goufe ganz interessant Aussoe vun Zeien. Alles dat kann een an Interviewen an an de Geriichtsakten nokuken.

D’Geriichtsverhandlung selwer, mat engem iwwerfuerdertem Procureur an engem onerfuerenen Maître Molitor wier och engem Theaterstéck würdeg gewirscht. Gutt daten d’Affekote vun der Défense hiert Handwierk kannt hunn an dat d’Riichter souwoul an der eischter wei och an der zweeter Instanz extrem professionnel waren. Et hätt nie dierften zu engem Prozess kommen a wann de Claude Meisch net gedréckt a gezunn hätt, wär et och net zu engem Prozess komm.

Interviewe vum Claude Meisch an interessantes aus de Geriichtsakten.

Eppes wat mech vun Ufank un schockéiert huet war des Behaaptung, op d’Fro hinn, op déi 200+ Persounen, déi d’Froen esou verschéckt kruten, dat iwwerhaapt gebraucht hunn:

Claude Meisch: Natürlich brauchen diese die Fragen nicht. Aber man geht davon aus, dass die Lehrer, denen das Land seine Kinder anvertraut, mit den Fragebögen geschickt umgehen und keinen Unfug damit treiben.3

Wann déi Persounen déi Froen net brauche, firwat goufen se da verschéckt? Ma d’Äntwert ass ganz einfach. De Ministär hat sech geiert. Dat hat awer ni de Ministär zouginn. An der Vergaangenheet schéngt et ëmmer esou gewiescht ze sinn, dat déi Proffen, déi an der Kommissioun fir d’Passageprozedur vum Primär an de Sekondär waren, déi no den Tester geschéckt kruten. Ministerialbeamten hunn awer viru Geriicht behaapt, dat d’Leit ugeruff hunn an doropshin dat zougeschéckt kruten. Et gouf weder eng Prozedur dofir, nach konnten d’Beamte soe wéini wien ugeruff hat. Op iergend eppes gepréift gouf schéngt och net kloer ze sinn.

An dann dat heiten am Jeudi3.1:

Le ministre prend tout de même la peine de justifier la transmission des épreuves et des corrigés à l’ensemble des professeurs de l’enseignement secondaire, membres de conseils d’orientation.

Entweder brauchen déi Leit déi Saachen net oder si brauchen se. Je no dem a wat fir enger Situatioun dat de Meisch grad ass, gëtt dat eent oder dat anert gesot.

Hei ass awer elo ee WOXX-Artikel interessant. D’Land hat an engem Artikel iwwregens ähnlech Feststellunge gemaach:

Dass „School-Leaks“ nur die Spitze des Eisbergs ist und die – zumindest mündliche – Weitergabe der Prüfungsfragen seit Jahren gang und gäbe, scheint von allen Seiten übersehen zu werden. Und dass diese Tatsache letztlich Ausdruck eines tiefergreifenden Problems ist – nämlich der geringen Wertschätzung, die dem „enseignement secondaire technique“ gemeinhin entgegengebracht wird -, auch.4

Wat weess d’Press méi wei de Ministère well viru Geriicht5 an ënner Eed seet dem Témoin T1 (premier conseiller au Ministère de l’Education nationale, also dem Meisch seng riets Hand)

Sur question, T1 précise n’avoir lui-même jamais entendu auparavant de rumeurs quant à des fuites antérieures.

De Claude Meisch seet iwregends eppes aneschters a senger Ausso! Dozou méi spéit méi.

Revue: Tatsache ist, dass die Schüler noch zusätzliche Tests machen müssen. Sie müssen das ausbaden. Müssen die Tests überhaupt sein?

Claude Meisch: Die Tests fließen nicht nur in die Orientierungsprozedur ein, sondern in die Datenbank des “Luxembourg Centre for Educational Testing”. Wir haben zusammen mit der Universität ein Monitoringsystem über das gesamte Schulsystem errichtet, um in Langzeitstudien den Weg der Schüler nachvollziehen zu können. Dadurch können wir auch die Relation von einzelnen Schulprojekten zueinander herstellen. Zum Beispiel lassen wir die Resultate frühkindlicher Betreuung miteinfließen und können sehen, welchen Impakt sie auf die schulische Entwicklung hat.

An dësem Fall wier et een einfacht gewiescht einfach déi betraffe Regioun ronderëm Jonglënster ze ignoréieren. Dat wär souwisou am Feelerbereich gewiescht. De Ministère hat ganz frei eng genee Aschätzung vun der Envergure. De „Schued“ war extrem begrenzt.

Ma do war awer nach déi zweet Quell, den eischte Leak vun der Woch virum Gau. Dat wousst de Ministère ganz frei an dat war den eigentleche Grond fir déi grouss Opregung. Et war fir de Ministère ee Glécksfall, dat séier „Schëlleger“ fonnt goufen.6

Ma ech froe mech, wat an dem Kader awer déi Étuden iwwerhaapt wäert sinn, wou dach scho jorelaang gefuddelt gouf, de Ministère dat wousst oder hätt misste wëssen. Hei gouf awer éischter eng Vogel-Strauss-Politik gemaach. De Kapp an de Sand an derduerch.

Claude Meisch: Alles deutet darauf hin, dass dieser Skandal von einzelnen Personen provoziert un d’ inszeniert wurde, (…)7

De Skandal, an dat ass hei awer ganz Kloer ass dat de Ministère net organiséiert war. En klengt pertinent Element aus der Enquête seet dat heiten:

L’enquête a également permis de constater que ces documents ont été envoyés le 13 mars 2015, le courrier d’accompagnement portant la date du 16 mars 2015.8

Wann et nach ee Beweis brauch dat déi Froen net geduecht ware fir den Ament forgeschéckt ze ginn, dat ass en. Eng Woch méi spéit an d’Tester wiere gelaf gewiescht. Dat een awer hei näischt kann „inzenéieren“ a „provozéieren“ ass kloer. Déi Proffen hei hu reagéiert, aus dem Bauch eraus.

(Den zweeten Deel gëtt muer um 7.00 Auer publizéiert! Do komme Beweiser, wei de Claude Meisch d’Leit belunn huet)

 

[Den Artikel gouf den 10.10.2018 nach eng Kéier onwiesentlech iwwerschafft, besonnesch bei de Linken // En Zitat aus engem Artikel vum Jeudi koum derbäi]


1 Meisch, Claude: Staark Kanner. Lëtzebuerg: Editions Phi 2018, S. 196.

3 03.04.2015 – Interview de Claude Meisch avec la Revue – “Mutwillige Sabotage kann man nie ausschließen”
https://gouvernement.lu/en/gouvernement/claude-meisch/actualites.gouvernement%2Bfr%2Bactualites%2Btoutes_actualites%2Binterviews%2B2015%2B04-avril%2B01-meisch-revue.html

3.1 Schoolleaks: Meisch justifie la transmission des épreuves aux enseignants
http://jeudi.lu/schoolleaks-meisch-justifie-la-transmission-des-epreuves-aux-enseignants/

4 2015-04-03 – SCHOOL-LEAKS: Schäbiges Bild – David Angel – WOXX
http://www.woxx.lu/8069/

6 RTL Radio, 19. Mäerz 2015, Journal vun 12:30, Minut 2:42

7 15.09.2015 – Interview de Claude Meisch avec le Tageblatt – “Mir tut (…) leid, dass wir einen falschen Eindruck vermittelt haben”
https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/interviews/2015/09-septembre/15-meisch-tageblatt.html

Leave Your Observation

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.