Am Wort bei “Auf ein Wort” huet gëschter den Eugène Berger eng Rei vu Weisheeten zum Beschte ginn. Den Eugène Berger ass jo jidderengem bekannt, als een dee vill gehaltloses schwätze kann an natierlech och als den éischte Lëtzebuerger um Dach vun der Welt.

An dem Artikel fënnt en d’Mutti net sexy. Den Tsipras och net! Wat dat fir eng Ausso ass, an op dowéinst eis Botschafter an Erklärungsnout kommen, bezweiwelen ech. De Berger ass esou onwichteg, wéi ee Sak Räis an China.

Interessant an dem Artikel ass awer, dat de Berger bestätegt, dat de Finanzminister Gramegna faarflos ass. Ausserdeem mengt en dat de Premier nach näischt ëmgerappt huet, de Wiseler awer schonn.

An e seent sech no der Oppositiounszäit. Do wier d’Liewensqualitéit besser. Dat léist sech ariichten. No de Wahlen awer gëtt de Berger éischter och een Deputéierten an der Pensioun. 😎