Mir hunn alleguerten dat Gefill, dat d’Maggy Nagel um Altor vun der Regierung als Opferlamm soll duerhalen. Mol dovunner ofgesinn, dat d’Regierung bei der Demissioun vum Nagel géif direkt iwwerflësseg Pënner verléieren, ass et duerchaus interessant verschidden Fakten emol fest ze halen. Ech wäert mech awer elo net hei domadder beschäftegen, wat eise Premier a kréicherechem Toun um Regierungsrot gesot huet, net mat dem, wat den Hansen als Nagelbändiger ëffentlech vu sech gëtt an och net mat dem, wat d’Sozialisten an hirer endlecher Weisheet vun der Regierung froen. Nee, ech maache mer et einfach. Ganz einfach. (Domadder sinn ech jo da scho bal befähegt, meng Kandidatur fir Minister an dëser Bettel-Regierung ze stellen. ) Ech hunn aus purem Opportunismus um www.gouvernement.lu gesurft an do aus Jux Search-Fonctioun genotzt fir statistesch ze Beweisen, dat d’Madame Nagel (bal) näischt schafft.

D’Resultater vun haut:

  • Marc Hansen logement – 148 Resultater
  • Maggy Nagel logement – 129 Resultater

Bemierkenswert!

An dann hei de Clou… och vum Site vun der Regierung:

Ministre Titulaire Marc Hansen.

Ministre Titulaire Marc Hansen.

Domadder ass jo dann alles gesot! 😉