Month: October 2018

Wat huet de Schoolleaks Prozess de Steierzueler kascht?

Mir hunn eis bis elo mat Fakte beschäftegt, alles, wat een einfach beweise kann, well et geschriwwe steet oder viru Geriicht gesot gouf an dofir an de Prozessakte steet. Elo gi mer awer e bëssche spekulativ fir, well mer keng richteg Chifferen hunn. Zuele sinn net ganz aus de Fangere gesuckelt, ma ech hunn näischt fonnt, wou ech mech kéint drun unhalen. Dofir hunn ech einfach Schätzunge gemaach. Ech mengen awer, dat ech um ënneschten Niveau vun de Käschte leien.

Wat mech awer am meeschte Revoltéiert ass, dat hei Ressource blockéiert goufen, déi och richteg wichteg Enquêten hätte kéinte maachen, wann se net fir de Privatkrich vun engem Claude Meisch mëssbraucht gi wieren. Dat de Claude Meisch ganz kloer eng Veruerteelung erwaart hat a vläicht guer gefuerdert hat, schéngt mer geséchert. Quellen hei:

Dans le cadre du procès « Schoolleaks », plusieurs juges, dans la mission qui est la leur, ont
considéré que la loi doit être appliquée dans un sens donné, qui n’est manifestement pas
celui voulu par les ministres en cause : aussi, en dénigrant publiquement en leur qualité de
membres du pouvoir exécutif la décision de justice, ces ministres semblent sous-entendre
que les seules décisions de justice acceptables sont celles abondant dans leur sens : il s’agit
là d’une violation intolérable de la séparation des pouvoirs et d’une immixtion dans les
prérogatives du pouvoir judiciaire.

D’Police ass während méint mat ville Leit un der Sichtung an Auswäertung vun den Zeienaussoen an dem perquisitionnéierte Material beschäftegt. De Chef vun der Enquête sot, dat den Dag vun der Perquisitioun seng ganz Equipe am Asaz war. Wei vill Leit dat sinn, weess ech net, Ma eng hallef Dozent wäerten et der scho sinn. Da soe mer déi wieren en hallwe Mount beschäftegt. Setze mer forfaitaire 60.000 € hei an.

Dem Untersuchungsriichter seng Enquête ass fir mech och schwéier an ze schätzen, ma eleng d’Mass un Dokumenter ze studéieren ass enorm. Huele mer heifir och gäre 60.000 € un.

Da gëtt et eng Chambre de Conseil, déi iwwert Verschiddenes huet missen decidéieren. Spéitstens déi hunn awer eng politesch Decisioun getraff, wou se decidéiert hunn, d’Saach un eng Geriichtskummer fir de Prozess weider ze ginn. Dat de Minister eventuell Drock aus geüübt kéint hunn léist sech nëmme vermuten. Ech géif dem Meisch et zoutrauen a schonn eleng wéinst dem Tweet, den hien a seng Parteikollegin nom éischte Fräisproch lass gelooss haten. Et geet awer schonn duer, dat d’Chambre de Conseil salomonesch déi politesch waarm Gromper viru ginn huet. Soll ech hei och nach eng Kéier 60.000 € asetzen. Wann ee méi genee Chifferen huet kann e mer dat jo matdeelen.

Dann hu mer während Wochen eng Geriichtskummer bestehend aus 3 Riichter an engem Schreiwer blockéiert, net ze vergiessen de Procureur, den 1000den Affären am Schaaf hat, déi op hien gewaart hunn. An der 2. Instanz ass dat méi schëtzeg viru gaangen. Schwätze mer vun insgesamt 10 Prozessdeeg @20.000€/Daag. Dat wieren dann 200.000€ — Dat heiten ass sécherlech niddereg ugesat, well wann ech de Budget kucken an d’Fäll vun 2017, da kommen ech op ronn 900.000 €/Fall reng um Geriicht.

Da kënnt nach den Affekot vun der Nieweklo, de Maître Molitor derbäi. De Maître Molitor ass een dichtegen Geschäftsaffekot huet awer laut Vita keng Strofprozesserfarung. Trotzdeem wäert säi Gehalt op der ieweschter Skala ze fanne sinn. Schätze mer emol einfach 400€/Stonn. Dat wären 100 Stonne fir de Prozess plus nach en Kéier 50 Stonne beim Untersuchungsriichter. An dann nach eng Kéier dat selwecht un Virbereedung. Da keime mer op 120.000 €. Wei gesot dat ass elo just geschat.

Da si mer bei engem Chiffer vu ronn 500.000 € déi de Claude Meisch elo mol just verbrannt huet, fir zwee mol véier glat Fräispréch ze kasséieren, d.h. de Prozess 8x ze verleieren.

Wei gesot, dat ass alles reng Spekulatioun an ech hunn absolut keng Chifferen bei Hand. Ma dat schéngt mer awer elo net esou exorbitant héich ze sinn dat et onwahrscheinlech wier.

Hei ass elo de Schuet vun den Ugekloten nach net dran. Jiddereen hat een Affekot. Jiddereen huet vill Sue missten an Affekotskäschte stiechen, just well bemi Staat e puer Juristen am Unterichtsministerium dem Claude Meisch net konnten erklären dat Beruffsgeheimnis hei net zoutreffend ass. Ech hunn d’Gesetz gelies, et ass Kloer wéi proppert Waasser. Ech si kee Jurist an dofir hunn ech ëmmer nach geduecht, de Procureur oder de Maître Molitor géingen déi Jurisprudenz aus dem Hutt zauberen. Den Hutt war net do an d’Jurisprudenz och net.

De Procureur hat gesot, d’Ugeklote wiere wéi fräischaffend Artisten a wieren dofir schëlleg an dofir zu 6 Méint Prisong ze veruerteelen. De Molitor sot, an en huet dofir extra een Ziedel virgeluecht, dat de Secret Professionell méi large misst ausgeluecht ginn, op der zweeter Säit stoung dann awer firwat et hei net zoutreffend ass. Erstaunlecherweis waren dat déi selwecht fad Argumenter vrun der Chambre de Conseil, do wou gesot gouf et géif ee Prozess ginn.

De Meisch huet sech bis op säi Buch zeréck gehale mat Kommentaren, nodeems D’Riichter en erféiert haten. De Folscheid, dem Meisch seng riets Hand huet nach gesot, an dat op der Telé, dat wier nach ëmmer esou gehandhaabt ginn. Amateurhaft kann een nëmme soen. Ma de Folscheid ass weder qualifizéierte Jurist nach Proff ma Member beim Meisch sengem Veräin an en ass mam Meisch an de Ministère katapultéiert ginn. Aner Beamte mussen Exame maachen a vill schaffe fir dohinner ze kommen.

Dem Molitor säin Assistent hat gesot, dat mat engem Fräisproch jo een net bestrooft gi wier, wat ganz kloer weist dat et net em Recht a Gerechtegkeet gaangen ass. Dee Passage ass awer aus dem RTL Interview verschwonnen. De gudde Mann hat och zimlech nom Fräisproch beim Molitor gekënnegt (kruut?). Ech wollt nach säin CV sécheren, do war de scho bei Molitor Avocats hirem Web-Site fort.

Meng 500.000€ si spekulativ awer net onwahrscheinlech. Dat wat an den dräi viregten Abschnitter gesot gouf ass awer net spekulativ. Et ass  aus dem Gediechtnes geschriwwen ma et ass esou wéi ech mech erënneren.

Lëtzebuerg ass een aarmen’t Land, mat Politiker wéi de Claude Meisch, Juriste beim Staat déi einfach Gesetzer net interpretéiere kënnen oder Beamten a Minister déi sech näischt soe loossen.

Schoolleaks: wien huet wien als Geisel geholl? (Deel 2) Viru Geriicht

Hei ass den 2. Deel vun engem gréisseren Artikel, de beweist dat de Claude Meisch Schoolleaks mëssbraucht huet fir de Schoulkanner ze schueden awer d’Schold dovunner op anerer ofwälze wollt. Den éischten Deel ass hei ze liesen.

Am éischten Deel hunn ech éischter d’Press zitéiert an e puer vum Minister sengen Interviews kommentéiert a widderluecht. Elo gëtt et awer Zäit viru geriicht ze goen. Just als Anekdot: 3 Geriichtssessioune gouf doriwwer gestridden op de Meisch sollt aussoen oder net.  All Interview hat e virdru ginn, ma do wou et zielt, wollt e sech net weise loossen. Wat hat en ze verstoppen?

Ma Villes, mengen ech. Virun allem awer seng Onfähegkeet de Ministère ze féieren.

Ganz interessant ass heibäi iwwregens des Ausso viru Geriicht vun engem Témoin T0 (Enquêteur vun der Police):

Toutes les perquisitions auraient été faites en même temps. Tout le service était ainsi engagé. Sur question, le témoin dit n’avoir pas été présent au Ministère. Le Ministre aurait signé le procès-verbal et remis un dossier complet avec de nombreuses pièces.

An ee bessche méi Spéit:

Mis à part le courrier électronique de Madame P4, l’enquête n’aurait pas révélé d’éléments quant à l’existence d’autres fuites.

Dat heescht dat de Ministère huet dierften déi Dokumenter iwwerreechen déi si fir wichteg fonnt hunn. Den Témoin T0 war iwwerzeegt, ee vollständechen Dossier krut ze hunn. Bei den Ugeklote war dat net esou einfach gaangen. Do goufe Büroen ausgeraumt an all méiglecht Schrëftstéck, Computer an Telefon, Printer asw beschlagnaamt.

Ma wat seet den Témoin T2?

Le témoin T2 explique que le lundi, il organiserait un Erzielkrees avec les enfants. Certains enfants fréquentant le conservatoire d’Esch avaient précisé avoir croisé au conservatoire de musique des élèves qui auraient vu un ou deux sujets des épreuves mathématiques avant les épreuves. Il aurait obtenu cette information le lundi 16 mars au matin. Les cours au conservatoire auraient eu lieu le samedi matin. Les élèves lui auraient parlé d’une ou de deux questions, et il se serait avéré que celles-ci faisaient partie des épreuves.

Dat deckt sech mat dem Meisch sengen éischten Aussoen an der Press. Firwat waren déi Saachen an Angaben awer net der Police iwwerginn ginn? Et gëtt nëmmen eng Erklärung heifir: Dat wier héchst entlaaschtend fir déi Ugeklote gewiescht an dat am disziplinareschem Dossier. De strofrechtlechen Dossier wier och net esou wäit gefouert ginn, well e Geheimnis wat keent méi ass net méi ka verrode ginn. Huet hei de Claude Meisch Beweiser zeréck hale gelooss? Dat hien onbedéngt eng Veruerteelung wollt erreechen, an dat aus reng politesche Grënn, huet hien an och seng Kollegin Cahen mat hiren Tweets a Facebook-Komentare bewisen.

Interessant hei béi ass, dat d’Mathé Donneschdes den 12.3 a Freides den 13.3 ofgelaf sinn. Also nach ier d’Froen an d’Äntwerten sou onglécklech un d’Proffen aus dem Secondaire verdeelt goufen. Däitsch ass war iwwregens Méindes, den 9.3 an Dënschdes den 10.3.

A viru Geriicht an ënnert Eed seet de Témoin T8 (“le Ministre T8 “10):

Le témoin dit qu’il y aurait certes eu des rumeurs, surtout après que cette affaire était devenue publique, qu’il y aurait eu des fuites. Il n’aurait cependant jamais eu d’information concrète. Lors d’une entrevue avec un journaliste du Tageblatt en date du 18 mars, ce dernier l’aurait averti que le lendemain, du contenu allait être publié et que d’autres corrigés auraient déjà circulé auparavant. Cette information les aurait déterminés pour refaire les épreuves.

Den Témoin T8 widdersprécht hei iwwregens dem Témoin T1. Well den T1 awer een enke Mataarbechter vum T8 ass, schéngt et mer dat ee vun den 2 net d’Wourecht gesot hat. An et schéngt mer och onméiglech ze sinn, net vun de Gerüchter gewosst ze hunn als décke Ministerialbeamten den den T1 nun emol ass.

A schlussendlech seet d’Ugekloten P2:

La prévenue souligne encore que le Ministre a parlé d’une fuite « de la semaine passée », de sorte qu’il devrait bien y avoir une fuite antérieure.

Dat war bei enger éischter Reaktioun op d’Fuite vun den Épreuven vum Claude Meisch an der Press. Wann awer Meindes scho bekannt war, wat Denschtes geif passéieren, soll ee besser Lotterie spille, wei sech op Käschte vun de Kanner ze profiléieren.

All Zeien bis op T1 an T7 si vun der Verdeedegung geruff ginn, well Opklärungsbedarf bestung iwwert dat wat passiert war. De Claude Meisch huet sech dogéint gewiert gehaat, well e wousst dat do Saachen op den Desch kéimen, dei net gutt fir hie waren.

Ech loossen et da jidderengem déi verschidde Quellen no ze liesen. Am Géigesaz zum Claude Meisch hunn ech jo d’Quellen uginn. An ech wëll hei soen, dat d’Sammelen vun de Quellen vill Aarbecht ass, an dat een dat kaum am Stau um iPhone ka maachen. Ma eng seriö Arabescht verlaangt nu emol seriö Recherchen. Et kéint een ee ganzt Buch eleng mat dëser Affär fëllen.

Déi Zäit hunn ech awer elo net, an dofir loossen ech et derbäi fir just un der Uewerfläch vun dësem Skandal ze krazen.Ech hu bewisen, dat d’Katastroph imminent war, ofgesi vun all deenen anere Pannen am Ministère. An déi Ugeklote P1-P4 hunn alleguer net gelunn wou se gesot hunn dat de Ministère Schmu gedriwwen huet.

De Minister huet mat vill Energie a Geld, dat vun eis, de Steierzueler kënnt, ee Privatkrich gefouert aplaz säi Stall op ze raumen.

[Muer schäzen ech de finanziellen Impakt vun der Affaire an. Wat huet dem Meisch säin Ego d‘Allgemengheet kascht?]


1 Meisch, Claude: Staark Kanner. Lëtzebuerg: Editions Phi 2018, S. 196.

3 03.04.2015 – Interview de Claude Meisch avec la Revue – “Mutwillige Sabotage kann man nie ausschließen”
https://gouvernement.lu/en/gouvernement/claude-meisch/actualites.gouvernement%2Bfr%2Bactualites%2Btoutes_actualites%2Binterviews%2B2015%2B04-avril%2B01-meisch-revue.html

4 2015-04-03 – SCHOOL-LEAKS: Schäbiges Bild – David Angel – WOXX
http://www.woxx.lu/8069/

6 RTL Radio, 19. Mäerz 2015, Journal vun 12:30, Minut 2:42

7 15.09.2015 – Interview de Claude Meisch avec le Tageblatt – “Mir tut (…) leid, dass wir einen falschen Eindruck vermittelt haben”
https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/interviews/2015/09-septembre/15-meisch-tageblatt.html

Schoolleaks: wien huet wien als Geisel geholl? (Deel 1) Pressberichter analyséiert

A sengem Buch „Staark Kanner“, am Kapitel „D’Schüler als Geiselen“ seet de Claude Meisch1:

Als Oppositiounspolitiker hunn ech missen duerch déi ganz Skandaljoeren Dossiere behandele wéi Léiweng/Wickreg (…) D’Skrupellosegkeet mat där vereenzelt Leit d’Wuel vu Kanner a Jugendlecher op d’Spill gesat hunn, fir d’Politik vum Minister oder och de Minister selwer zu Fall ze bréngen hu mech schockéiert. (…)

Dat de Claude Meisch Léiweng/Wickreg, wou hien de Skandal wollt op Tapéit bréngen awer direkt ee Réckzéier gemaach hat, wou de Jeannot Krecké, d’Zilscheif vum Meisch, geklot hat2 an d’Schoolleaks-Affaire an engem Otemzuch nennt, weist wat fir eng Polemik de Claude Meisch hei lass getrëppelt huet.

Net nëmmen dat en d’Kanner Saache frësch schreiwe léist, déi u sech an dëser Affaire net néideg gewiescht wären, en hält nach ëmmer dorunner fest, dat d’politesch Motivatioun de Grond waren heifir an net séin onméiglecht Verhale, mat dem hien de Ministère gefouert huet. Net nëmmen dat Kompetenz mat Jo-Sager ersat gouf, ma Feeler sinn systematesch vertuscht ginn an et war ee frou wann een ee Sëndebock fonnt hat. Et ass schonn interessant, dat hien „säin“ Affekot ugewisen hat, sech mat Hänn a Féiss ze wieren, dat hien a seng Mataarbechter net hu missen aussoen. An engem Fall war guer lächerlecherweis behaapt ginn, hien an all seng Mataarbechter wieren „Partie Civil“ a bräichten deemno net auszesoen. Si sinn domadder net duerch komm, an et goufe ganz interessant Aussoe vun Zeien. Alles dat kann een an Interviewen an an de Geriichtsakten nokuken.

D’Geriichtsverhandlung selwer, mat engem iwwerfuerdertem Procureur an engem onerfuerenen Maître Molitor wier och engem Theaterstéck würdeg gewirscht. Gutt daten d’Affekote vun der Défense hiert Handwierk kannt hunn an dat d’Riichter souwoul an der eischter wei och an der zweeter Instanz extrem professionnel waren. Et hätt nie dierften zu engem Prozess kommen a wann de Claude Meisch net gedréckt a gezunn hätt, wär et och net zu engem Prozess komm.

Interviewe vum Claude Meisch an interessantes aus de Geriichtsakten.

Eppes wat mech vun Ufank un schockéiert huet war des Behaaptung, op d’Fro hinn, op déi 200+ Persounen, déi d’Froen esou verschéckt kruten, dat iwwerhaapt gebraucht hunn:

Claude Meisch: Natürlich brauchen diese die Fragen nicht. Aber man geht davon aus, dass die Lehrer, denen das Land seine Kinder anvertraut, mit den Fragebögen geschickt umgehen und keinen Unfug damit treiben.3

Wann déi Persounen déi Froen net brauche, firwat goufen se da verschéckt? Ma d’Äntwert ass ganz einfach. De Ministär hat sech geiert. Dat hat awer ni de Ministär zouginn. An der Vergaangenheet schéngt et ëmmer esou gewiescht ze sinn, dat déi Proffen, déi an der Kommissioun fir d’Passageprozedur vum Primär an de Sekondär waren, déi no den Tester geschéckt kruten. Ministerialbeamten hunn awer viru Geriicht behaapt, dat d’Leit ugeruff hunn an doropshin dat zougeschéckt kruten. Et gouf weder eng Prozedur dofir, nach konnten d’Beamte soe wéini wien ugeruff hat. Op iergend eppes gepréift gouf schéngt och net kloer ze sinn.

An dann dat heiten am Jeudi3.1:

Le ministre prend tout de même la peine de justifier la transmission des épreuves et des corrigés à l’ensemble des professeurs de l’enseignement secondaire, membres de conseils d’orientation.

Entweder brauchen déi Leit déi Saachen net oder si brauchen se. Je no dem a wat fir enger Situatioun dat de Meisch grad ass, gëtt dat eent oder dat anert gesot.

Hei ass awer elo ee WOXX-Artikel interessant. D’Land hat an engem Artikel iwwregens ähnlech Feststellunge gemaach:

Dass „School-Leaks“ nur die Spitze des Eisbergs ist und die – zumindest mündliche – Weitergabe der Prüfungsfragen seit Jahren gang und gäbe, scheint von allen Seiten übersehen zu werden. Und dass diese Tatsache letztlich Ausdruck eines tiefergreifenden Problems ist – nämlich der geringen Wertschätzung, die dem „enseignement secondaire technique“ gemeinhin entgegengebracht wird -, auch.4

Wat weess d’Press méi wei de Ministère well viru Geriicht5 an ënner Eed seet dem Témoin T1 (premier conseiller au Ministère de l’Education nationale, also dem Meisch seng riets Hand)

Sur question, T1 précise n’avoir lui-même jamais entendu auparavant de rumeurs quant à des fuites antérieures.

De Claude Meisch seet iwregends eppes aneschters a senger Ausso! Dozou méi spéit méi.

Revue: Tatsache ist, dass die Schüler noch zusätzliche Tests machen müssen. Sie müssen das ausbaden. Müssen die Tests überhaupt sein?

Claude Meisch: Die Tests fließen nicht nur in die Orientierungsprozedur ein, sondern in die Datenbank des “Luxembourg Centre for Educational Testing”. Wir haben zusammen mit der Universität ein Monitoringsystem über das gesamte Schulsystem errichtet, um in Langzeitstudien den Weg der Schüler nachvollziehen zu können. Dadurch können wir auch die Relation von einzelnen Schulprojekten zueinander herstellen. Zum Beispiel lassen wir die Resultate frühkindlicher Betreuung miteinfließen und können sehen, welchen Impakt sie auf die schulische Entwicklung hat.

An dësem Fall wier et een einfacht gewiescht einfach déi betraffe Regioun ronderëm Jonglënster ze ignoréieren. Dat wär souwisou am Feelerbereich gewiescht. De Ministère hat ganz frei eng genee Aschätzung vun der Envergure. De „Schued“ war extrem begrenzt.

Ma do war awer nach déi zweet Quell, den eischte Leak vun der Woch virum Gau. Dat wousst de Ministère ganz frei an dat war den eigentleche Grond fir déi grouss Opregung. Et war fir de Ministère ee Glécksfall, dat séier „Schëlleger“ fonnt goufen.6

Ma ech froe mech, wat an dem Kader awer déi Étuden iwwerhaapt wäert sinn, wou dach scho jorelaang gefuddelt gouf, de Ministère dat wousst oder hätt misste wëssen. Hei gouf awer éischter eng Vogel-Strauss-Politik gemaach. De Kapp an de Sand an derduerch.

Claude Meisch: Alles deutet darauf hin, dass dieser Skandal von einzelnen Personen provoziert un d’ inszeniert wurde, (…)7

De Skandal, an dat ass hei awer ganz Kloer ass dat de Ministère net organiséiert war. En klengt pertinent Element aus der Enquête seet dat heiten:

L’enquête a également permis de constater que ces documents ont été envoyés le 13 mars 2015, le courrier d’accompagnement portant la date du 16 mars 2015.8

Wann et nach ee Beweis brauch dat déi Froen net geduecht ware fir den Ament forgeschéckt ze ginn, dat ass en. Eng Woch méi spéit an d’Tester wiere gelaf gewiescht. Dat een awer hei näischt kann „inzenéieren“ a „provozéieren“ ass kloer. Déi Proffen hei hu reagéiert, aus dem Bauch eraus.

(Den zweeten Deel gëtt muer um 7.00 Auer publizéiert! Do komme Beweiser, wei de Claude Meisch d’Leit belunn huet)

 

[Den Artikel gouf den 10.10.2018 nach eng Kéier onwiesentlech iwwerschafft, besonnesch bei de Linken // En Zitat aus engem Artikel vum Jeudi koum derbäi]


1 Meisch, Claude: Staark Kanner. Lëtzebuerg: Editions Phi 2018, S. 196.

3 03.04.2015 – Interview de Claude Meisch avec la Revue – “Mutwillige Sabotage kann man nie ausschließen”
https://gouvernement.lu/en/gouvernement/claude-meisch/actualites.gouvernement%2Bfr%2Bactualites%2Btoutes_actualites%2Binterviews%2B2015%2B04-avril%2B01-meisch-revue.html

3.1 Schoolleaks: Meisch justifie la transmission des épreuves aux enseignants
http://jeudi.lu/schoolleaks-meisch-justifie-la-transmission-des-epreuves-aux-enseignants/

4 2015-04-03 – SCHOOL-LEAKS: Schäbiges Bild – David Angel – WOXX
http://www.woxx.lu/8069/

6 RTL Radio, 19. Mäerz 2015, Journal vun 12:30, Minut 2:42

7 15.09.2015 – Interview de Claude Meisch avec le Tageblatt – “Mir tut (…) leid, dass wir einen falschen Eindruck vermittelt haben”
https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/interviews/2015/09-septembre/15-meisch-tageblatt.html

Code Civil

Et geet duer, Här Meisch!

Communiqué – 5.10.2018

Schoolleaks ouni Enn.

Ech hunn haut mengem Affekot den Optrag ginn, juristesch Schrëtt géingt de Claude Meisch anzeleeden. Am Buch „Staark Kanner“ vum Claude Meisch, dat hien rezent verëffentlecht huet, gëtt hien en angeblecht Zitat vu mir zréck, dat hien awer net beleet. Schonn eleng vun engem wëssenschaftleche Standpunkt hir, dierf ee keen zitéieren ouni ze beleeën, wouhier dat Zitat kennt.

Opgrond vun der Entwécklung vun der Schoolleaks-Affär ass et fir vill Leit kloer, virun allem fir déi Leit, déi mech kennen, dat ech de „Liewenspartner vun enger Enseignante“1 sinn.

Ursächlech gesäit de Claude Meisch mech als Verursaacher vun der Schoolleaks-Affär, wat awer eng ganz kloer Verdréinung vun den Tatsaachen ass. Dem Claude Meisch ass den Dossier an allen Detailer bekannt. Et muss sech also ëm eng absichtlech Falschduerstellung handelen.

Ech hunn an der Affär meng Biergerpflicht gemaach, an dem ech ee Mëssstand, de mir zougedroe gouf, gemellt hunn. Duerch d’Enquête an d’Geriichtsverhandlung am Prozess géint dräi Proffen an een Net-Proff ass erauskomm, dat am Ministère d’Leit ouni Plang blann gehandelt an de Mëssel verursaacht hunn. 

Déi Leit aus dem Ministère hunn ouni Nout, d’Froen zu den Tester fir de Passage vum Primär an de Secondaire un Elteren, Monnien, Tattaen, déi och Frënn an Noperen sinn, verschéckt, ouni dorop hinzeweisen, dat d’Tester dee Moment nach amgaange waren.

Mat koppesche Schutzbehaaptungen hunn de Claude Meisch a seng Leit versicht – an der Press a viru Geriicht – hiert Handelen ze rechtfäerdegen. Déi Schutzbehaaptunge goufen awer duerch Aussoe vun Empfänger vun de Froen widderluecht. Nach bis haut huet de Claude Meisch net zouginn, dat säi Ministère fir de Mëssel verantwortlech war an ass. Dat d’Katastroph imminent war an duerch dat sträflech liichtsënnegt Verhale vun Ministère verursaacht gouf, ass bewisen duerch eng zweet onofhängeg Quell vun engem Leak am Süde vum Land. Des Quell ass am Laf vun der strofrechtlecher Enquête zu der Schoolleaks-Affair un d’Liicht komm.2

Duerch polemesch Aussoen an onwouer Behaaptungen huet de Claude Meisch awer ëmmer versicht d’Verantwortung vu senge Feeler an deenen vu sengem Ministère ze vertuschen. Säin Handelen huet dozou gefouert, dat een Deel vun der Press verleumderesch an onwouer iwwert des Affär an déi Beschëllegt bericht huet, déi sech deen Ament net dogéint konnte wieren.

Hien ass et eigentlech dee „Schüler als Geiselen“3 hëlt fir säin opportunistescht Verhalen als Politiker ze rechtfäerdegen.

Ech behale mer vir, och nach géint aner Persounen an Institutioune virzegoen, sollt dat néideg sinn.

Lucien Schilling, info@paif.eu

[Modifikatioun: de Link 2 ass verbessert ginn.]

1 Meisch, Claude: Staark Kanner. Lëtzebuerg: Editions Phi 2018, S. 196.

2 http://www.justice.public.lu/fr/actualites/2017/02/jugement-affaire-dite-schoolleaks (témoin T2)

3 Meisch, Claude: Staark Kanner. Lëtzebuerg: Editions Phi 2018, Kapitel 33, S. 195-198.
Loading...
X