Loading...
X

Wat huet de Schoolleaks Prozess de Steierzueler kascht?

Mir hunn eis bis elo mat Fakte beschäftegt, alles, wat een einfach beweise kann, well et geschriwwe steet oder viru Geriicht gesot gouf an dofir an de Prozessakte steet. Elo gi mer awer e bëssche spekulativ fir, well mer keng richteg Chifferen hunn. Zuele sinn net ganz aus de Fangere gesuckelt, ma ech hunn näischt fonnt, wou ech mech kéint drun unhalen. Dofir hunn ech einfach Schätzunge gemaach. Ech mengen awer, dat ech um ënneschten Niveau vun de Käschte leien.

Wat mech awer am meeschte Revoltéiert ass, dat hei Ressource blockéiert goufen, déi och richteg wichteg Enquêten hätte kéinte maachen, wann se net fir de Privatkrich vun engem Claude Meisch mëssbraucht gi wieren. Dat de Claude Meisch ganz kloer eng Veruerteelung erwaart hat a vläicht guer gefuerdert hat, schéngt mer geséchert. Quellen hei:

Dans le cadre du procès « Schoolleaks », plusieurs juges, dans la mission qui est la leur, ont
considéré que la loi doit être appliquée dans un sens donné, qui n’est manifestement pas
celui voulu par les ministres en cause : aussi, en dénigrant publiquement en leur qualité de
membres du pouvoir exécutif la décision de justice, ces ministres semblent sous-entendre
que les seules décisions de justice acceptables sont celles abondant dans leur sens : il s’agit
là d’une violation intolérable de la séparation des pouvoirs et d’une immixtion dans les
prérogatives du pouvoir judiciaire.

D’Police ass während méint mat ville Leit un der Sichtung an Auswäertung vun den Zeienaussoen an dem perquisitionnéierte Material beschäftegt. De Chef vun der Enquête sot, dat den Dag vun der Perquisitioun seng ganz Equipe am Asaz war. Wei vill Leit dat sinn, weess ech net, Ma eng hallef Dozent wäerten et der scho sinn. Da soe mer déi wieren en hallwe Mount beschäftegt. Setze mer forfaitaire 60.000 € hei an.

Dem Untersuchungsriichter seng Enquête ass fir mech och schwéier an ze schätzen, ma eleng d’Mass un Dokumenter ze studéieren ass enorm. Huele mer heifir och gäre 60.000 € un.

Da gëtt et eng Chambre de Conseil, déi iwwert Verschiddenes huet missen decidéieren. Spéitstens déi hunn awer eng politesch Decisioun getraff, wou se decidéiert hunn, d’Saach un eng Geriichtskummer fir de Prozess weider ze ginn. Dat de Minister eventuell Drock aus geüübt kéint hunn léist sech nëmme vermuten. Ech géif dem Meisch et zoutrauen a schonn eleng wéinst dem Tweet, den hien a seng Parteikollegin nom éischte Fräisproch lass gelooss haten. Et geet awer schonn duer, dat d’Chambre de Conseil salomonesch déi politesch waarm Gromper viru ginn huet. Soll ech hei och nach eng Kéier 60.000 € asetzen. Wann ee méi genee Chifferen huet kann e mer dat jo matdeelen.

Dann hu mer während Wochen eng Geriichtskummer bestehend aus 3 Riichter an engem Schreiwer blockéiert, net ze vergiessen de Procureur, den 1000den Affären am Schaaf hat, déi op hien gewaart hunn. An der 2. Instanz ass dat méi schëtzeg viru gaangen. Schwätze mer vun insgesamt 10 Prozessdeeg @20.000€/Daag. Dat wieren dann 200.000€ — Dat heiten ass sécherlech niddereg ugesat, well wann ech de Budget kucken an d’Fäll vun 2017, da kommen ech op ronn 900.000 €/Fall reng um Geriicht.

Da kënnt nach den Affekot vun der Nieweklo, de Maître Molitor derbäi. De Maître Molitor ass een dichtegen Geschäftsaffekot huet awer laut Vita keng Strofprozesserfarung. Trotzdeem wäert säi Gehalt op der ieweschter Skala ze fanne sinn. Schätze mer emol einfach 400€/Stonn. Dat wären 100 Stonne fir de Prozess plus nach en Kéier 50 Stonne beim Untersuchungsriichter. An dann nach eng Kéier dat selwecht un Virbereedung. Da keime mer op 120.000 €. Wei gesot dat ass elo just geschat.

Da si mer bei engem Chiffer vu ronn 500.000 € déi de Claude Meisch elo mol just verbrannt huet, fir zwee mol véier glat Fräispréch ze kasséieren, d.h. de Prozess 8x ze verleieren.

Wei gesot, dat ass alles reng Spekulatioun an ech hunn absolut keng Chifferen bei Hand. Ma dat schéngt mer awer elo net esou exorbitant héich ze sinn dat et onwahrscheinlech wier.

Hei ass elo de Schuet vun den Ugekloten nach net dran. Jiddereen hat een Affekot. Jiddereen huet vill Sue missten an Affekotskäschte stiechen, just well bemi Staat e puer Juristen am Unterichtsministerium dem Claude Meisch net konnten erklären dat Beruffsgeheimnis hei net zoutreffend ass. Ech hunn d’Gesetz gelies, et ass Kloer wéi proppert Waasser. Ech si kee Jurist an dofir hunn ech ëmmer nach geduecht, de Procureur oder de Maître Molitor géingen déi Jurisprudenz aus dem Hutt zauberen. Den Hutt war net do an d’Jurisprudenz och net.

De Procureur hat gesot, d’Ugeklote wiere wéi fräischaffend Artisten a wieren dofir schëlleg an dofir zu 6 Méint Prisong ze veruerteelen. De Molitor sot, an en huet dofir extra een Ziedel virgeluecht, dat de Secret Professionell méi large misst ausgeluecht ginn, op der zweeter Säit stoung dann awer firwat et hei net zoutreffend ass. Erstaunlecherweis waren dat déi selwecht fad Argumenter vrun der Chambre de Conseil, do wou gesot gouf et géif ee Prozess ginn.

De Meisch huet sech bis op säi Buch zeréck gehale mat Kommentaren, nodeems D’Riichter en erféiert haten. De Folscheid, dem Meisch seng riets Hand huet nach gesot, an dat op der Telé, dat wier nach ëmmer esou gehandhaabt ginn. Amateurhaft kann een nëmme soen. Ma de Folscheid ass weder qualifizéierte Jurist nach Proff ma Member beim Meisch sengem Veräin an en ass mam Meisch an de Ministère katapultéiert ginn. Aner Beamte mussen Exame maachen a vill schaffe fir dohinner ze kommen.

Dem Molitor säin Assistent hat gesot, dat mat engem Fräisproch jo een net bestrooft gi wier, wat ganz kloer weist dat et net em Recht a Gerechtegkeet gaangen ass. Dee Passage ass awer aus dem RTL Interview verschwonnen. De gudde Mann hat och zimlech nom Fräisproch beim Molitor gekënnegt (kruut?). Ech wollt nach säin CV sécheren, do war de scho bei Molitor Avocats hirem Web-Site fort.

Meng 500.000€ si spekulativ awer net onwahrscheinlech. Dat wat an den dräi viregten Abschnitter gesot gouf ass awer net spekulativ. Et ass  aus dem Gediechtnes geschriwwen ma et ass esou wéi ech mech erënneren.

Lëtzebuerg ass een aarmen’t Land, mat Politiker wéi de Claude Meisch, Juriste beim Staat déi einfach Gesetzer net interpretéiere kënnen oder Beamten a Minister déi sech näischt soe loossen.

Leave Your Observation

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.